STORY
Mir sinn eng flott an dynamesch Chorale mat 40 Sängerinnen a Sänger aus dem ganze Land, ënnert der Leedung vum Madeline Boonen.
Säit eiser Entstehung am Joer 2009 hu mir virun allem Jugend- an Hochzäitsmasse matgestalt, mee sinn awer och fir all aner Festlechkeeten ze buchen.
Mir sangen ee breede Repertoire vu klassesch bis modern, vu kierchlecher Musek iwwer klassesch Wierker bis zu Rock, Pop a Swing. Eis Dirigentin huet ëmmer een oppent Ouer fir är ganz bestëmmte Wënsch ëmzesetzen! Also zéckt net a kontaktéiert eis via Facebook, E-mail oder ënnert der Rubrique "Kontakt."