STORY
Mir sinn eng flott an dynamesch Chorale mat ronn 20 Sängerinnen a Sänger aus dem ganze Land, ënnert der Leedung vum Madeline Boonen.
Säit eiser Entstehung am Joer 2009 hu mir virun allem Jugend- an Hochzäitsmasse matgestalt, mee sinn awer och fir all aner Festlechkeeten ze buchen.
Mir sangen ee breede Repertoire vu klassesch bis modern,
vu kierchlecher Musek iwwer klassesch Wierker bis zu Rock, Pop a Swing. Eis Dirigentin huet
ëmmer een oppent Ouer fir är ganz bestëmmte Wënsch ëmzesetzen!
Also zéckt net a kontaktéiert eis via
Facebook, E-mail oder ënnert der Rubrique "Kontakt."