VoicEmotion meets MAD FOX

Rock um Knuedler 2019 | 21/7/2019

VoicEmotion in Chrëschtconcert

29/11/2017

VoicEmotion sengt Samschdeg, den 9. Dezember e Chrëschtconcert am Centre Hospitalier du Nord zu Woltz.

Um Programm sti Chrëschtlidder vun all Genre, och deeër fir matzesangen.

Wann Der wëllt e flotte Moment a Chrëschtambiance mat eis verbrengen, Rendez-Vous as den 9. Dezember um 16h um zweete Stack an der Rééducation Gériatrique an der Klinik zu Woltz.

VoicEmotion meets Cojellico's Jangen

14 Oktober 2017 um Marie-Astrid | 14/10/2017

am Workshop

vum Jan-Hendrik Herrmann | 28/6/2017
Groove im Chor, Stimmbildung a Klangfarben waren déi dräi Themen vun de Workshoppen, déi den däitsche Museker Jan-Hendrik Herrmann ugebueden huet. Genee dat Richtegt fir  VoicEmotion…
Emotiounen eriwwerbréngen, mat der Stemm experimentéieren, Rhytmus an och mol, wann et muss sinn, Courage fir „hässliche Klänge und Schärfe“ hunn, dat stoung e ganzen Dag um Programm. Et war e spannend a flott Erliefnis zu Iernster, dat VoicEmotion voll begeeschtert huet.
De Jan-Hendrik Herrmann, gebuer 1985, huet op der Hochschule für Musik und Tanz zu Köln studéiert. Hien ass ganz villsäiteg aktiv, ass Chorleiter, Stimmbildner a Vocalchoach, sengt och selwer a verschiddenen Ensemblen a leet,  enner anerem, den Jazzchouer vun der Universitéit Bonn.   

News & more

Nächst Optrëtter